Kverneland a Fendt-Vierféierung zum Plouconcours

Den 28. August huet et DE VERBAND Agricom an Zesummenaarbecht mat der Landjugend Süden gefreet, d‘ Besicher zu Giewel begréissen ze kënnen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 


    

Paralell zum Plouconcours sin hei mat den Partner Kverneland an Fendt den kompletten Buedembeaarbechtungs-Programm virgestallt gin.

Hei konnt een interessant Innovatiounen vun Knerneland, wéi dem Isobusfähegen Plou - Iplough, der Universalséimaschinn - U Drill, Sprëtzen mat Section Control an villes méi erliewen.

Et ass awer och eng Première zu Lëtzebuerg fir déi zahlreich Interesséiert parat gehalen gin, mat dem neien Fendt Vario 1000, den am Laf vum Nomëtteg un engem 12 Schuer-Plou an Aktioun ze gesin war.

Fir Froën an Dokumentatiounen zu den Maschinen war een zentralen Stand mat Ausstellung an der Mëtt vum Site opgeriicht fir Ried an Äntwert ze stoen.

An gudder Zesummenaarbecht mat der Landjugend Süden war dësen Dag fir all Bedeelegt een groussen Erfolleg.