Urspelt:

Der 44. Landjugendtag

Dëst Joer hate mer von der Landjugend Cliärref di grouss Éier de 44. Landjugenddag ze organiséieren. Mer haten äis heivir viru gutt engem Joer dat klengt Duerf Ischpelt bäi Cliärref rausgesicht. Donneschdes den 10. Mee konnte mer dunn moies em 10 Auer den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerech, de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an eng ganz Rëtsch weider Gäst zu Ischpelt am Schlass fir di feierlich Mass begréissen. Dono gouf et op der selwichter Plaz den Éierewäin dee von der Gemeng Cliärref offréiert gouf. Om Site zu Ischpelt om Betrib Kremer haten sech iwwer 200 Equippe bäim Mëttigeesse mat enger ganzer Rei weidere Lekt fir de Startschoss vom Rallye zesome fonnt. Nodeems et Moies nach gereent hat, gung et dreschen duerch den Nomëttich an den 8 km langen Tour duerch d’Ardennen.

Op den insgesamt 5 Spiller wor de ganzen Dag durch fir Stëmmung an Ënnerhalung gesuergt. Owes géint 10 Auer gouf d’Dekanatsspill zu Ischpelt an der Hall ausgedroen an direkt dono gung et mat der Präisiwwerreechung lass. Dat ganzt Klassement steet op ljclervaux.lu. Hei sënn o na vill weider Fotoe von dësem memorabelen Dag ze fannen.

De 44. Landjugenddag wor ee Succès an et kann een houfrich behaapten datt mer als Landjugend Cliärref zu Ischpelt rondrëm d’Schlass eng lass gemach honn. De Comité seet alle Bedeeligten ee grousse Merci! D’nächst Joer organiséiert d’Landjugend Maacher de Landjugenddag zu Bäerbuerg.