47. Landjugenddag zu Tandel

  

No Harel am leschte Joer war dëst Joer zu Tandel d’Duerf bal ze kleng! Dësen traditionelle Rendezvous
op Christi Himmelfaart gëtt jo bekanntlecherweis all Joer vun engem anere regionale Landjugendgrupp
organiséiert an dës Kéier huet d'Landjugend Furen op de 47. Landjugenddag invitéiert,
dat ënnert dem Motto "Tëscht Blees an Our gi mir op den Tour. Bei selwer gebrautem Béier fält dat
och kengem schwéier."

Ugefaangen huet den Dag mat der Jugendmass, zesumme mam Här Äerzbëschof S. Em. Jean-Claude Card. Hollerich, eisem Nationalaumônier Romain Richer an de Geeschtlechen Jeannot Gillen, Jean-Pierre Reiners, Vincent De Smet a Jürgen Kusch, am Bannenhaff vun der Maison Relais vun Tandel, iert de President Pitt Miller op den Éierewäin invitéiert huet.

Bei der Begréissungsried huet de Buergermeeschter Aly Kaes déi vill prominent Éieregäscht häerzlech begréisst. Hien huet awer och déi gutt Zesummenaarbecht vun der Gemeng an der Landjugend ervirgehuewe souwéi och de wichtege Stand vun der Landjugend an eiser Gesellschaft. D’Marthe Bourg, Nationalpresidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, huet op déi laang Traditioun vun dësem wichtegen Dag higewisen, well schonn 1975 gouf fir eng éischte Kéier vun der Landjugend Cliärref ee Landjugenddag organiséiert an ass zënterhier ee feste Bestanddeel vum Agenda bei der Jugend zu Lëtzebuerg.

Duerno ass mam Mëttegiessen och de Startschoss fir de Rallye gefall an déi ronn 2000 Leit aus alle Regioune vum Land hu sech lues a lues op den Tour gemaach.

Ronn 8km ass den Tour vun Tandel, biergop a biergof op Baastenduerf an nees zeréck op Tandel gaangen, versi mat de 5 Spiller, déi sech d'Landjugend Furen afale gelooss huet.

Mat ganz vill Geschéck hunn sech déi 188 ugemellte Gruppe vu Spill zu Spill virugeschafft, natierlech huet och dat typescht Waasserspill net dierfe feelen! Virun all Spill huet, wéi ëmmer, de Froebou missen ausgefëllt ginn a bei der Umeldung zum Spill ofgi ginn. An ech kann Iech soen, et war net ëmmer esou evident, souwuel bei de Spiller wéi och bei de Froen an net nëmmen déi summerlech Wiederkonditiounen hunn een un d’Dämpe kritt. Vun Zilscheiwen aus grousser Distanz mat Tennisbäll ofschéissen, hunn och ënner anerem misse Këschte gestapelt an hin an hier gezu ginn. Mee och eng roueg Hand war beim drëtte Spill gefrot, hei huet ee mat vill Fangerspëtzegefill misse Golfbäll a Lächer rullen an se dann och do behalen.

Zu méi spéider Stonn ass dann och nees dat berüümt berüchtegt Dekanatsspill tëscht de siwe regionale Landjugendgruppe gespillt ginn. Och hei hunn d’Gruppen nees missen hir roueg Hand beweisen a jeeweils 6 Holzbléck openee stapelen, natierlech ënner Zäitdrock, well dee schnellste Grupp gewënnt. Hei konnten sech d’Organisateure vum leschte Landjugenddag, d’Landjugend Uewersauer, duerchsetzen an de Wanderbokal ass vun der Landjugend Maacher nees virun un si gewandert.
Bei der Präisverdeelung konnt sech zum Schluss de Club des Jeunes Bettenduerf ganz knapps virun hire Kolleege vum Club des Jeunes Fouhren mat 843 Punkten duerchsetzen an huet sou de Bokal mat op Bettenduerf geholl. Markéiert Iech elo scho mol den Datum fir den nächste Landjugenddag: den 9. Mee 2024 begréisst Iech d’Landjugend Süden zu Sprénkeng fir déi 48. Editioun, ënnert dem Motto: „An Dudel laanscht Schinnen a Wisen, op dësem Wee gëtt sech bewisen“.

 

Text & Fotos: LLJ