46. Landjugenddag zu Harel an der Stauséigemeng

Wann een eis am Ufank vum Joer 2020 gesot hätt: „ Dir musst 2 Joer op den nächste Landjugenddag waarden!“, dann hätte mir eng Kéier gutt gelaacht a geschmunzelt a virugemaach.



Mee leider war et ganz genau esou. Ganzer 2 Joer hu mir missen op de Landjugenddag waarden, mee et huet sech gelount! Op Christi Himmelfaart, fir genau ze sinn, de 26. Mee 2022 war et dann nees endlech esouwäit! De 46. Landjugenddag zu Harel, organiséiert vun der Landjugend Uewersauer stoung um Programm! Ganzer dräi Uleef hu se geholl, fir dëst Joer endlech kënnen an der Stauséigemeng duerch ze starten.

An deene leschte Méint hu si dofir net nëmmen e puer mol hir Käpp zesummegestreckt fir dësen Dag sou gutt wéi nëmme méiglech ze organiséieren. Sponsore hu misse gesicht ginn, Spiller hu sech missen iwwerluecht a gebaut ginn, den Tour huet missen organiséiert ginn, et huet misse mat der Gemeng geschwat ginn a Partner aus der Gemeng gefrot gi fir um Dag selwer ze hëllefen. Donieft nach déi üblech Saachen organiséieren, wéi Iessen a Gedrénks, Stroosse späre loossen, offiziell Demandë schreiwen an ufroen, … Dir gesitt et war vill Aarbecht!

En Donneschdeg, de 26. Mee war et dann endlech souwäit an et konnt een den Dag scho bal net méi erwaarden.

Ugefaangen huet de 46. Landjugenddag traditionell mat der Jugendmass um 10:00 Auer, déi zesumme mam Äerzbëschof, S. Em. Kardinol Jean-Claude Hollerich gestalt ginn ass. Highlight vun der Mass war ouni Zweifel d’Firmung vu 5 Memberen aus de Landjugende Süden an Dikrich. Domat war de Landjugenddag dann offiziell lancéiert an de President Charel Fautsch huet a senger Ried op den Éierewäin invitéiert. Hei gouf dann och den offizielle Presidentewiessel vollzunn. No 4 Joer un der duebeler Spëtzt huet d’Angèle Mersch, säi Presidenteposten un d’Marthe Bourg viruginn.

Mir soen op dëser Plaz dem Angèle och nach eng Kéier e grousse, grousse Merci fir säin Engagement fir eis als Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.. Et war eng schwéier Zäit, déi virun allem vun der Pandemie gepräägt war, mee hatt huet sech ni ënnerkréie gelooss an huet zesumme mat den anere Memberen ëmmer versicht dat Bescht draus ze maachen. Villmools Merci Angèle!

Iwwerdeems wënsche mir dem Marthe och eng gutt Hand an eng flott Zäit un der duebeler Spëtzt vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.. Fir d’Marthe als eis Vizepresidentin ze ersetzen, rutscht d’Sophie Diderrich no. Och him wënsche mir vill Erfolleg a Freed mat senger neier Positioun innerhalb eiser Organisatioun.

Nom Presidentewiessel huet de Buergermeeschter aus der Stauséigemeng René Michels d’Wuert er-
graff an der Landjugend Uewersauer Merci gesot fir hir Aarbecht déi si an deene leschte Méint geleescht hu fir dësen Dag an hirer Gemeng ze organiséieren. Duerno huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen d’Wuert iwwerholl, wou och hien d’Wichtegkeet vun engem Landjugenddag an eiser Organisatioun ënnerstrach huet, iert och hien dem Marthe vill Gléck fir seng nei Erausfuerderunge gewënscht huet an dem Angèle, säi Merci ausgeschwat huet, fir alles wat hatt an senger Zäit als Nationalpresidentin geleescht huet. Als lescht Riednerin huet d’Anne Calteux, als Vertriederin vun der EU, de Message vum Jugendjoer 2022 un d’Éieregäscht geriicht.

Nom gesellege Patt ass et virugaange bei d’Mëttegiessen, wou eng gutt Lasagne opgedëscht ginn ass. Gutt gestäerkt sinn déi eenzel Gruppen op de Rallye vu ronn 8 Kilometer gestart a konnten iwwer Bierg an Dall, an dat wuertwiertlech, Harel vu senge schéinste Säiten bestaunen.

 



Iwwert den Tour verdeelt hu misse 5 Spiller a 5 Froebéi bewältegt ginn, eent méi usprochsvoll wéi dat anert. Et ass vill gesicht an diskutéiert gi fir all d’Froe richteg ze beäntweren mee och d’Spiller hu misse bewältegt ginn an dat war net ëmmer esou einfach.

Sou huet een zum Beispill bei engem Spill missen eng Rechenaufgab léisen, wärenddeems een an engem rotéierendem Stull ugeschnallt war, dee vun 2 Matspiller gezu gouf. No der Partie Karussell huet ee misse senge Matspiller déi richteg Äntwert ginn, fir dass si ënner Zäitdrock hu missen d’Nummer op e Kou-Halsband opzéien an dem “Faironika” undoen.

Natierlech huet och dat traditionellt Waasserspill net dierfe feelen! Matzen am Bësch, op ongeféier der Hallschent vum Rallye hat d’Landjugend Uewersauer en impressionant Spill opgeriicht, zesummegesat aus Botten, Silosplastik, engem grousse Gerüst aus Holzstämm a vill Waasser. Zil war et, am beschten dréchen, mat Hëllef vu Schaukelen, Seeler a Pneue vun enger Säit op déi aner ze kommen, mee dat ass nach laang net jiddwerengem gelongen.

Zu méi spéider Stonn, wéi all Grupp de Rallye gemeeschtert hat, gouf am Zelt op der Haaptplaz zu Harel mam Dekanatsspill gestart. Och hei koum d’“Faironika” nees zum Asaz an huet misse gestrach ginn. Jiddereng vun deene 7 Landjugendgruppen huet 2 Kandidaten an d’Renne geschéckt, déi zesummen alles ginn hunn a souvill wéi méiglech innerhalb vun enger Minutt mat der Hand gestrach hunn. Schlussendlech konnt sech d’Landjugend Maacher mat groussem Ofstand géint hir 6 Konkurrenten duerchsetzen an huelen dëst Joer de begierte Wanderpokal mat heem.

Zum Schluss vum Owend stoung dunn nach d’Präisiwwerreechung un, wou ganzer 40 Präisser verdeelt goufen, iert duerno bis an de fréie Moien um Bal zesumme gefeiert ginn ass.

Mee eppes ass sécher, d’Landjugend Uewersauer huet hiert Motto: “Hopp Hopp! Alles op Harel erop, iwwer Bierg an Dall teste mir Iech all” méi wéi gutt erfëllt an et ass jidderee op seng Käschte komm!