4. Bauerenhaff an der Stad 2024

Nom grousse Succès vun der drëtter Editioun vun eisem Bauerenhaff an der Stad am Joer 2022, ass d’Fro guer net méi opkomm ob mir de Bauerenhaff an der Stad nach eng Kéier lancéieren, mee éischter wéini, wou a wat mir de Leit kënnen Neies presentéieren.

 

Gesot, gemaach! Laang goufen d’Käpp an deene verschiddene klengen Aarbechtsgruppe beienee gestach fir dat Bescht ze fannen an duerno kënnen ze organiséieren. Eng jett Owender sinn dropgaange bis de komplette Programm stoung a konnt am Nationalcomité final ofgeseent ginn. Duerno ass et réischt richteg lassgaange mat der Organisatioun vum Bauerenhaff an der Stad ënnert dem Thema “Landwirtschaft fréier, haut a muer”.

Schonn am Oktober 2023 hunn sech eis 2 Nationalpresidente Marthe Bourg a Charel Ferring mat der Stad Lëtzebuerg zesummegesat fir de Steen an d’Rullen ze bréngen an éischt Saachen ze klären. Duerno hunn nees missen eng ganz Partie u Sponsore gesicht ginn, wou jiddereen alt eng Hand mat ugepak huet. Op dëser Plaz schwätze mir eisen zuelräiche Sponsoren nach eng Kéier ee grousse MERCI aus, dass si eis an dësen Zäiten ëmmer erëm sou tatkräfteg ënnerstëtzen an eis och mat Rot an Dot zur Säit stinn.

Mee domat net genuch, et sinn nees Demandë bei sämtlechen Instanze gestallt ginn, Stänn hunn nees missen ugefrot an organiséiert ginn, Material erausgesicht a bestallt ginn an net ze vergiessen d’Iessen an d’Gedrénks.

An deene leschte Woche virum Bauerenhaff an der Stad sinn nees reegelméisseg d’Käpp beienee gestach gi fir eis Organisatioun ze finaliséieren. Lescht Preparatioune si gestart an et ass sou lues eescht ginn. De Plang stoung an et konnt lassgoe mam Opbau.

An der Woch virum Bauerenhaff an der Stad war ëmmer eng lass op der Place de la Constitution. Zelter sinn opgeriicht ginn, Material ass ukomm, eis Kiche fir de Show-Cooking ass zesummegestallt ginn. D’Leit sinn no an no mat hire Stänn op d´Plaz komm an et huet nach villes missen organiséiert a koordinéiert ginn. Déi regional Gruppen hu sech op hire Stänn organiséiert, hir Leit agedeelt an alles prett gemaach fir de Start um Freideg.

Bei guddem Wierder si mir freides moies um 8.30 Auer an de Weekend vum Bauerenhaff an der Stad gestart, dëst mat de Kannerateliere vu Fro de Bauer. D’Schoulkanner aus dem ganze Land haten dës Kéier d’Méiglechkeet fir un den Atelieren deelzehuelen. Eng jett Schoulklassen aus der Stad Lëtzebuerg an aus der Ëmgéigend hunn eis de ganzen Dag iwwer besicht an hunn un deenen eenzelen Atelieren, wou si sech am Virfeld ageschriwwen hunn, deelgeholl. Vu Schof iwwer Geessen, hin zu Mëllech- a Mammekéi, VR-Brëller an dem Wee vum Kär zu Miel war fir jiddereen eppes dobäi. Vill Informatioune konnten de Kanner vermëttelt ginn an et war sécherlech en interessanten Ausfluch fir déi Klengsten ënnert eis. Flott ze gesi war och déi al Dreschmaschinn déi mir um Site haten, hei konnten d´Kanner gesi wéi fréier, ouni moderne Mädrescher, Käre gedresch goufen.

Nodeems d’Schoulkanner sech nees op den Heemwee gemaach hunn, ass et bei eis virun am Programm gaange mat der offizieller Ouverture um 16.00 Auer, wou sämtlech Sponsoren, Aussteller an eng gutt Partie u Vertrieder aus der Lëtzebuerger Politik an aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft present waren. Duerno hu mir den Owend op eisem uschléissenden After-Work ausklénge gelooss an hunn deen een oder anere Patt mat eisen Éieregäscht zesumme gedronk.

Um Samschdeg hu mir dann um 10.00 Auer fir de Grand Public de Bauerenhaff an der Stad opgemaach: De ganze Weekend iwwer ass vill fir d’Leit gebuede ginn. Nieft de Stänn vun eise villen Aussteller, wou ee vill ze gesinn hat an och dat eent oder anert konnt schmaachen, waren nees eng ganz Partie Déieren, sou wéi sech dat fir e Bauerenhaff gehéiert, um Site.

Vu Geessen iwwer Schof, Schwäin, Mëllech- a Mammekéi, Kaalwer, Päerd, hin zu Kanéngercher an Hénger war alles vertrueden, wat een sou op engem Bauerenhaff fënnt. Hei war och ëmmer e Member vun eis bei den Déiere fir no hinnen ze kucken awer och fir déi eng oder aner Fro kënnen ze beäntweren.

Eis regional Gruppen hu sech ëm dat leiflecht Wuel gekëmmert, vu Gedrénksstänn, wou et vun allem fir Grouss a Kleng gouf, iwwer e grousse Grillstand war villes vertrueden. Sou goufen et och Fritten a Gromperekichelcher fir de groussen Honger tëschenduerch. Mir haten, wéi op der Foire Agricole zu Ettelbréck och schonn, eis Flammkuche mat am Programm an déi sinn nawell gutt gezunn. Fir de séissen Zant hate mir och virgesuergt, hei stoungen Eisekuchen a Panecher zur Auswiel, natierlech aus regionale Produkter produzéiert.

Mee net nëmmen eis regional Gruppen hu mat Gedrénks a Iesse gedéngt, och eis Aussteller hu villes ugebueden. Sou konnt ee Wäin a Schampes vun der Musel oder awer Glace aus Lëtzebuerger Kou- oder Schofsmëllech schmaachen. Mee domat net genuch, och Bio-Kéis, Jughurt, Drëppen a Lëtzebuerger Uebst waren op der Plaz ze kréien.

Groussen Highlight vum Weekend war niewent der Mass, déi um Samschdeg Moien op eiser grousser Bün vum Weibëschof Leo Wagener an eisem Nationalaumônier Romain Richer gehale gouf, och de Show-Cooking mat de Politiker aus der Regierung, der Chamber, dem EU-Parlament a Schäffen- a Gemengerot. Mee och hei hate mir déi grouss Éier, dass direkt 2 nei Direktere matgekacht hunn, den neien Direkter vun der Chambre d’Agriculture de Paul Marceul an den neien Direkter vum Institut Viti-Vinicole de Serge Fischer. An eiser grousser Kichen am Zelt hu si vu Schwéngsmignon mat Speck an Zwiwwelscrumble iwwer Couscous mat Äppel a Kalbassekären hin zu gereezte Frell mat Réidercher a Pastinakepurée gekacht an duerno zerwéiert.

Weidere groussen Highlight fir eis war awer ganz sécher och de Besuch vu S.A.R. Grand-Duc Henri um Samschdeg Nomëtteg. Mir haten hei nees d’Chance eisem Grand-Duc déi wichteg Aarbecht vun eiser Landwirtschaft an eise Bauere virzestellen, mee och déi nei Technologië konnte mir him hei weisen an erklären. Och hu mir mat him en Tour iwwert eise Bauerenhaff an der Stad gedréint an hunn him déi verschidde Stänn gewisen, wou hien och gäre stoe bliwwen ass an och dat eent oder anert schmaache konnt. Um Sonndeg Mëtteg hate mir dann och ee klenge Revival ze feieren: an der leschter Editioun hat et net geklappt, mee dëst Joer war eis Landjugendmusek nees um Start an huet ee Concert zum Beschte ginn!

Eis mëttlerweil traditionell Stee um spéide Sonndeg Mëtteg huet natierlech och net dierfe feelen, wou mir Produite vun den Aussteller,  Pedalotrakteren oder awer och eisen Daniel Mergen fir de gudden Zweck versteet hunn. Sämtlech Suen aus dëser Stee, ëm 7.000€, spende mir un eis eegen ONG, déi mat dëse Suen hir Projeten am Burkina Faso virun entwéckelen a soumat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika hëllefe kann.

Alles an allem war et fir eis e gelongene Weekend a mir géingen eis freeën Iech op enger 5. Editioun vun eisem “Bauerenhaff an der Stad” nees begréissen ze kënnen.

 Bericht: LLJ