85 Joer an der Kinnekswiss

D’Ausstellung fir de leschte ronne Gebuertsdag vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck

Am Kréiwénkel zu Gilsdref gëtt Bëtong gemëscht, déi läscht Méint vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck gi gezielt…

 

Virun iwwer 85 Joer hunn an der Kinnekswiss Klëppel a Schloper a Gilsdrefer an Déiljener Sandstee geschloen.

 

D'Zäiten änneren sech. Zäit fir zeréck ze kuken. Dat duecht sech den Tom Poecker, ee 16jährege Schüler vun der 3e a, President vum LTA-Schülercomité, wéi hien am September 2016 op enger Bourse an der Victor-Hugo-Hal, eng Postkaart vun der Aweiung vun der Akerbauschoul kaaft huet. Et gouf decidéiert eng Ausstellung fir dëse Gebuertsdag opzeriichten. Zesumme mam Fred Fey, Secretaire an der Akerbauschoul, hunn sinn d’Gebai op der Sich no originalen Objeten erfuerscht. Stonnen a Stonne vu Recherchen hunn si vum Nationalarchiv iwwert d’Nationalbibliothéik a private Kollektioune bis an de Militärmusée op Dikrech gefouert an den 23. Oktober 2017 gouf hir Ausstellung dem Public während engem Vernissage am Festsall vun der Akerbauschoul presentéiert. D’Akerbauschoul gouf den 23. Oktober 1932 feierlech vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Félix ageweit. Mee op deen Dag huet d'lëtzebuerger Land an natierlech och d'Bauere laang misse waarden. D'Akerbauschoul gouf am Joer 1883 gegrënnt an an der aler Brauerei Schmit-Gengler zu Ettelbréck ënnerbruecht, wou haut de Centre Médico-social, d'Post an d'Police ass. Et huet awer net laang gedauert an d'Schoul war ze kleng. De Staatsminister Blochhausen huet schon am Joer 1893 zum spéidere Grand- Duc Guillaume gesot huet: „Monseigneur, le bâtiment que vous voyez devant vous, est indigne d’une école, c’est tout simplement une masure.“ 1917 endlech gouf eng Spezialkommissioun gegrënnt déi en 12-säitege Rapport verfaasst huet an deem en Neibau gefuerdert gëtt. Am Rapport steet och e Programm fir den Architekteconcours mat all de Kritäre fir dat neit Gebai. Dëse Concours gouf dunn 1918 lancéiert, an et haten 11 Architekten deelgeholl.

 

De Gewënner war de Jos. Ruckert, mee duerch onerkläerlech Grënn gouf d'Gebai dunn awer no de Pläng vum Paul Wigreux gebaut. 1918 huet d'Gemeng Ettelbréck och den Terrain an der Kinnekswiss kaf, an dësen dem Staat fir déi nei Schoul zur Verfügung gestallt. De Joseph Bech dee säit 1926 Staatsminister war, huet richteg Damp hannert de Projet gemaach. Den 3. Juni 1927 gouf d'Gesetz iwwert de Neibau gestëmmt a mat 38 vu 60 Stëmmen ugeholl.

 

 

De 4. Oktober 1927 gouf dunn de Grondstee vun der Grande-Duchesse Charlotte geluecht. Den 28. November 1928 war de Stéchdag vun de Bauaarbechten. Dat imposant Gebai sollt vun der Firma vum Achille Giorgetti gebaut ginn.

 

No ronn engem Joer war de Réibau scho fäerdeg, wat fir déi Zäit schonn eng immens Leeschtung war. Am Abrëll 1932 war d'Gebai du fäerdeg, sou dat d'Schoul mat hiren 122 Schüler fir d'Ouschtervakanz erageplënnert ass.

 

Zu deem Zäitpunkt war d’Akerbauschoul bal dat eenzegt an de Wise besonnesch well et déi haiteg Avenue Salentiny virun der Bauzäit vun der Schoul nach net gouf. D'Schoul louch wéi ee Schlass an der Kinnekswiss. Et war ee Gebai wat d'lëtzebuerger Land zu deem Zäitpunkt nach ni gesinn hat.

 

Den 23. Oktober 1932 war dunn dee groussen Dag vun der Aweiung. Déi groussherzoglech Koppel hat drop gehale mat der Kutsch op d'Aweiung ze kommen. Et war ee wierkleche Festdag fir d’lëtzebuerger Baueren a fir d'Schoul.

 

An op den Dag, 85 Joer duerno, haten sech den Tom Poecker an de Fred Fey ausgesicht fir de Vernissage vun hirer Ausstellung.

 

A Präsenz vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, den Deputéierte Martine Hansen an Octavie Modert a ville geluedene Gäscht huet den Tom Poecker a senger Ried ee Bléck an d’Geschicht vun der Akerbauschoul geworf bevir hien d’Wuert dem Minister Etgen weiderginn huet. De Minister Etgen huet den Organisateure fir hiren Engagement felicitéiert a sech mat vill Emotioun u seng Schoulzäit erënnert. Bevir d’Bändchen duerchgeschnidde gouf, huet de Minister Etgen sech nach an d’gëlle Buch agedroen. Den Tom Poecker an de Fred Fey hunn dunn ee Rondgang iwwert d’Ausstellung proposéiert op deem si Explikatiounen zu de verschiddenen Exponate geliwwert hunn. Och laanscht de Grondsteen, deen no laanger Recherche lokaliséiert gouf, huet d’Visite gefouert.

 

Als Ofschloss gouf dunn ee prächtege Gebuertsdagskuch ugeschnidden.

 

Den Tom Poecker an de Fred Fey wäerte fir d’Enn vum Joer ee Buch erausgi mat enger ausféierlecher Geschicht vum Gebai, mat iwwert 200 aktuellen an historesche Fotoen an Zäitdokumenter.

 

Dëst Buch kann een an der Akerbauschoul fir 25€ kafen.

 

Tom Poecker & Fred Fey